WIEN STÉCHT HANNERT DEM FËSCH HAFF?

 

Eis Grënner

IMG_1607.JPG

Manuel Arrillaga

Grënner

Perséinlech Motivatioun

Ech hu mam Fësch Haff déi eemoleg Chance meng Passiounen, Aquarienhaltung a Gäertnerei, ze verbannen an meng Visioun vun enger nohalteger Liewensmëttelversuergung ëmzesetzen!   



 

Professionellen Hannergrond

Ech sinn e Biomedezin Ingenieur (BSE - CWRU) a Materialwëssenschaftler (MSE - UniA) deen ëmmer op der Sich no neien Erausfuerderungen ass.

 

Mäin Interêt fir wëssenschaftlech  Innovatioune léisst mech ëmmer um neiste Stand vun der entspriechender  Fuerschung an Entwécklung sinn. Kombinéiert mat menger menge Fäegkeete Problemer vun all Typ ze léisen a kritesch ze denken, gesinn ech mech den Erausfuerderunge vun der zukünfteger Fësch a Liewensmëttelproduktioun gewuess.

LinkedIn

IMG_1611.jpg

Daryl Fuchs

Grënner

Perséinlech Motivatioun

Nodem ech een eischt aquaponesch System an mengem Zëmmer op der Uni zesummengebastelt hunn, war ech total faszineiert, an wosst dass dëst eng eenzegarteg an erfollegreich landwirtschaftlech Method zu Lëtzebuerg kéinnt sinn! 
 

Professionellen Hannergrond

Ech sinn e kreative Wëssenschaftler mat engem weitgefächertem Hannergrond an de Materialwessenschaften, an engem gesonden allgemengen Interessi. 


A mengem Parcours hunn ech u ville héisch-Technologenen Projeten fir d’Raumfuert an d’Additiv-Faerdegung geschafft. Mee et muss ee wirklech net wéit siche goen fir Erausfuerderungen ze fannen. Eng déi mir extrem un d’Härz gewuess ass: d’Landwirtschaft vun muer!


Mam Fësch Haff wëlle mir d’Landwirtschaft diversifizéieren an Joer-iwer, nohalteg an frësch Produiten produzéieren!​

LinkedIn

Beroodung

HMA-linkedin.jfif

HEKTOR ARRILLAGA

Beroder

Ech inspiréieren an ënnerstëtzen Entrepreneuren domat si laangfristeg beandrockend Resultater ob den Dësch bréngen. D´Approche déi ech dofir benotzen nennt sech ´value-added solutions´, iwwersat: Léisunge baséierend ob engem Méiwäert. D.h. mat menge Clientë kucken ech wei si hire Produit traitéiere kennen datt en en zousätzlechen Notzen huet, also en Méiwäert.

LinkedIn

 

Eis Supporter

E besonnesche Merci geet un d'Partner a Sponsororganisatiounen, déi eis aktiv weiderhëllefen!

logo-technoport_edited.jpg
ASTA Logo.jpg